Resumen del episodio
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. An den nächste Wochen beschwätzt de Jeff Schinker aacht Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut beschwätzt de Jeff Schinker, no "De l’autre du lac", ee weidere vu senge Favoritten: dem Boris Bergmann seng Autofiktioun "Minotaure".

Episodios
Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann
EscuchadoDéi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. An den nächste Wochen beschwätzt de Jeff Schinker aacht Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut beschwätzt de Jeff Schinker, no "De l’autre du lac", ee weidere vu senge Favoritten: dem Boris Bergmann seng Autofiktioun "Minotaure".
Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren"
EscuchadoKuerz no den “Journées de l’Architecture” stinn tëscht dem 16. an 18. Oktober eis national ”Journées du Patrimoine” an d’Haus. Si sollen d’Ëffentlechkeet dësen Hierscht fir de Sujet “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer” sensibiliséieren. De komplette Programm fannt dir op journeesdupatrimoine.lu. D’Kerstin Thalau stellt iech elo e Projet vir, bei deem en architektonesche Patrimoine “en péril” war, ma no intensiver Recherche “reparéiert” konnt ginn. Deen Terme hat déi zoustänneg Architektin gewielt: d’Diane Heirend schwätzt effektiv vun “dem Moler Joseph Kutter seng Villa um Lampertsbierg reparéieren”.
Sheebaba - Haut Release an dräi Wochen
EscuchadoDe Raichtum vun der Lëtzebuerger Musekszeen huet sech ann deene lescht Joren decupléiert. Am Beraich New Wave Art Pop si Sheebaba et am Moment, déi déi de Fändel héichhalen. Düster, e bësse mysteriös a couragéiert, erennerend un dem Gaby Delgado-Lopez an dem Robert Görl hire projet DAF an de fréieren 80er. Sheebaaba hu viru kuerzem nei Musek opgeholl a brléngen de 7. November am Gudde Wëllen hir nei Plack Haut eraus. Eng halschent, de Julien Hübsch, ass eis zougeschalt fir ee klenge Scoop.
Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme
EscuchadoDéi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. De Roman vun der Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an den nächste Wochen beschwätzt hien déi siwen aner Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut schwätze mer iwwert ee vun dem Jeff senge Favoritten: dem Sylvain Prudhomme säin "De l’autre côté du lac".
“Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen
EscuchadoD'Ekipp vum Radio 100,7 denkt quasi all Dag un d’Kënschtlerin Trixi Weis. Op eiser Fassad ass jo der Sculptrice a Multimedia-Kënschtlerin hir “City clock” ze gesinn, eng vertikal LED-Auer, déi een am Fënnef-Minutten-Takt liese kann. Konscht fir den ëffentleche Raum vun 2013. D'Zäit beschäftegt d’Trixi Weis awer och haut nach ëmmer: aktuell presentéiert si an der Cité de l’image, also zu Klierf, d’Ausstellung “Once upon a time”. An dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Trixi Weis haut an de Studio invitéiert.